Rapport vun der Visite
Et waren dobäi :
Vu Käl :
Jules Wilhelm (Buergermeeschter), Steve John (Gemeng), Eric Falchero, Jean Hiltgen, Claude Wilmes (Léierpersonal), Frank Schroeder (Datateam)
Vu Wolz :
Romain Schneider (Buergermeeschter), Emile Lutgen a Xavier Neuens (Léierpersonal), Claudine Esch-Schank a Marc Lorang (Elterevereenegung)
D´Gemeng Käl huet 6 Schoulsiten :
"D´Alexandraschoul" zu Téiténg fir
d´Spillschoul.
"déi al Spillschoul" zu Téiténg fir
de Précoce
" D’Primärschoul“ zu Téiténg fir den
Enner- a Mëttelgrad
"De Faubourg" zu Käl fir den
Uewergrad
"De Widdem" zu Käl fir den Enner- a
Mëttelgrad. Dëse Site besteet aus 3 verschiddene Schoulgebaier, der Märei an de
Policebüroen. Hei ginn zirka 270 Kanner, 15 Léierpersounen an eng kleng Zuel
Chargéen an d´Schoul. Sie sinn op 15 Klassen opgedeelt.
A sämtleche Schoulgebaier stinn am ganzen 130 Computeren déi folgendermoossen opgedeelt sinn :
Am Précoce : 1 PC pro Gebai mat Drécker, Modem
fir Internetzougang
Am Préscolaire : 1 PC pro Sall mat Drécker net
vernetzt; 1 Power PC mat Modem fir Internet
Am Primaire : 3 PC pro Sall mat Drécker,
Uschloss un e Server an Internetzougang
An all Gebai : 1 PowerPC équipéiert mat engem
gréisseren Drécker, CD-Brenner, Scanner, Digitalkamera.
Um Widdem : 1 opgereschtenen PC (fir
Filmveraarbechtung) am Raum beim Server
Bemierkungen :
Doduerch dass d´Computeren quasi all mateneen
kaf gi sinn war et méiglech iwwerall dat selwecht Material ze hunn, domat si
Problemer um Niveau vun der Comptabilitéit ëmgaange ginn. Am Gebrauch sinn
Computeren mat Intel Pentium 3 Prozessoren mat Taktfrequenzen vun 350 respektiv
450Mhz.
All Schoulsall ass esou verkabelt dass et
méiglech ass 6 Computeren un de Réseau unzeschléissen. Bei der Geleeënheet ass
och de Kabel vun der Gemeinschaftsantenn mat geluet ginn.
Elektresch, sinn all d´Computeren mat
Blitzschutz équipéiert an de Server huet eng "No-Break" Batterie mat
enger Autonomie vun enger halwer Stonn.
Wëll um Site vum Widdem och d´Gebaier vun der
Gemeng an der Police stinn, goufen sie zesumme mat der Schoul iwwer
Glasfaserkabel an de Réseau mat agebonnen. Aus Käschtegrënn, war et onméiglech
all d´Schoulgebaier matenenn ze vernetzen.
En CD-Chargeur beim Server fir 6 CDen an de
Réseau ze speisen funktionéiert nëmme bedingt.
De Scanner huet en USB-Uschloss, dat mécht et
méiglech den Apparat op einfach Aart a Weis och un e Computer an engem Klassesall
unzeschléissen.
Beim digitale Fotoapparat gëtt eis geroden en
einfachen Apparat mat Zoomobjektiv ze kafen.
D´Videokamera gëtt iwwer e sougenannte
"Firewire" un de Computer ugeschloss, et muss dru geduecht ginn esou
eng Adapterkaart beim Computer mat ze kafen.
All Dag gëtt en automatesche Backup op Band
vun den Daten um Server gemat. Wann esou e Backup méi laang wéi 24 Stonne gehal
muss ginn, muss dru geduecht ginn d´Cassette ze wiesselen.
All d´Computeren sinn assuréiert géint all
Zort Schued a géint Vol, Käschtepunkt : 36000,- Frang pro Joer
De Moment gëtt nach un engem LCD-Projekter
gefrien, deen et méiglech mécht Biller vum Computer op eng Leinwand ze
projezéieren.
Als Betriebssystem gëtt eis Windows NT oder
Windows 2000 ugeroden. Déi 2 Systemer zeechnen sech aus duerch eng gutt
Stabilitéit an der Méiglechkeet d´Zougangsberechtegungen fir de System
hierarchech z´organiséieren.
Software gëtt éischter wéineg gebraucht, et
gëtt vill Wert drop geluet dass d´Kanner selwer kreativ sinn, Texter schreiwen,
molen, Fotoen a kleng Filmer maachen.
All Software ass lizenzéiert, et gëtt och an
engem an deemselwechten Klassesall net mat Copien geschafft.
All
Klass huet eng E-mail Adress. (iwwer hotmail)
D´Software déi gebraucht gëtt ass zum Deel
gratis (Internet Explorer, Windows Media Player), déi aktuell Versiounen ginn
op de Server gesat a stinn do fir all Computer um Réseau zur Verfügung.
D´Software déi zu Käl gebraucht gëtt :
Textveraarbechtung (Microsoft Word)
Multimedia
Player (Microsoft Media Player)
Antivirusprogramm
(Norton oder Antivir)
E-mailprogramm (Microsoft Outlook)
Lexikon
(Microsoft Encarta)
Déierelexikon
Micro Robert
Molprogramm (Microsoft Paint), fir
d´Spillschoul e Programm mat méi Méiglechkeeten (Print Artist junior)
Verschidden CDen wéi Oscar, Addi oder
Löwenzahn
Tabellekalkulatioun
(Microsoft Excel) fir de PC fir "Poweruser"
Vun enger Filtersoftware fir den Internet gëtt
eis ausdrécklech ofgeroden. D´Software ass net selektiv genuch a sou kënnt et
vir, dass Wierder wéi zum Beispill "Hausexperte"
gespaart ginn oder eng E-mail Adress bei Hotmail.com onméiglech
ass. Weider Argumenter géint de Gebrauch vu Filtersoftware fënnt een ënner der
Sichmaschinn fir Kanner um Internet www.blinde-kuh.de/schutz.html.
D´Verantwortung iwwer dat wat an der Schoul um Bildschirm gekuckt gëtt dréit
den Enseignant, eng Saach mat der et zu Käl - laut Aussoen vum Léierpersonal -
nach keng Schwieregkeete gouf.
An der Schoul gëtt et eng CD-théik déi all
Joers e Budget vun 20000,- Frang pro Gebai huet fir d´Uschafung vu Software.
De Computer gëtt zum groussen Deel am "Éveil" gebraucht. An anere Fächer gëtt e geholl wann eng bestëmmten Informatioun um Internet oder engem Lexikon nogesicht muss ginn.
Verschidde Réalisatiounen ginn op der Homepage vun der Schoul ( www.restena.lu/primaire/kayl ) gewisen, anerer si méi fir den interne Gebrauch.
Op der Homepage fënnt een :
Geschichtleches iwwer déi verschidde
Schoulgebaier an der Gemeng
Geschichten a Gedichter
Reportagen an Informatiounen aus der Schoul an
dem Sport
Eng interaktiv Pirategeschicht (Fortsetzungsgeschicht)
Biller vu verschiddenen Aktivitéiten, och zum
Deel als elektronesch Postkaart
E
Quiz
En
Chatroom
En E-mail Kontakt
Aner Aarbechten sinn :
Eng Schoulzeitung, Dokumentatiounen iwwer Schoulausflich, Experimenter mat der Webcam oder kleng Dokumentatiounsfilmer mat der Videokamera.
Den Encadrement gesäit esou aus, dass et an all Gebai e "Responsable informatique" gëtt, et ass dat en Delegéierten vum Léierpersonal deen 1 Stonn Décharge pro Woch huet fir dës Aarbecht ze maachen.
Déi ganz Infrastruktur gëtt vun engem "Responsable réseau enseignement" géréiert, hien ass ausserdeem Interlocuteur fir déi extern Firma déi fir d´Maintenance vun der Computerinfrastruktur zoustänneg ass. Well hien och de Suppléant fir d’Homepage ass, ginn him duerfir 2 Iwwerstonnen pro Woch accordéiert.
D´Homepage gëtt vun engem Delegéierten vum Léierpersonal gemat dee gläichzäiteg och "Responsable informatique" a sengem Gebai ass. Him ginn duerfir 2 Stonnen Décharge pro Woch accordéiert.
Et ass vu gréisster Wichtegkeet dass d´Gestioun vun der Infrastruktur an der Hand vun engem Responsabelen an der Schoul läit an dass d´Maintenance vun enger seriöser externer Entreprise gemat gëtt.
D´Basisformatioun waren 3 x 2 Stonnen Cours vun der Firma déi d´Computeren geliwwert huet. Dobäi koumen Couren vum ISPERP, hei konnt sech esou organiséiert ginn, dass de Formateur vum ISERP op Käl an d´Schoul koum. Bei méi klénge Problemer gëtt op Nofro och eng personnaliséiert Formatioun gemat.
Marc Lorang
Elterevereenegung Wolz
|
|