1. an 2. Schouljoer

Neies an Intressantes

 

 

 

20.12.2000 - Op der Chrëschtfeier

13.01.2001 - Am Naturmusée

23.02.2001 - D'Theaterstéck "Die Kartoffelsuppe"

03.2001 - Am Musée-Bus an am Bësch

08.02.2002 - "D`Maus Kätti"

02.02.2004 - De Projet "Kanner aus der ganzer Welt"

 

zréck op d'Haaptsäit


 

Fir d'Chrëschtfeier, den 20. Dezember war eppes lass. De Festsall war voller Leit. Déi eenzel Schoulklassen hu Lidder, Sketcher an e flott Krëppespill gebueden. Donieft gouf et och nach schéi Präisser an der Tombola ze gewannen an net ze vergiessen déi vill Zorte Kuch déi gudd ukomm sinn.

Hei den Optrëtt vum Ënnergrad.

 

1. an 2. Schouljoer op der Chrëschtfeier

Fir d'Foto méi grouss ze gesinn, einfach drop klicken

   

zréck no uewen


 

Den 13. Januar ware verschidde Klassen aus dem Ënnergrad am Naturmusée. D'zweet Schouljoer vum Véronique Windeshausen-Kinnen war d'Ausstellung "Déieren am Wanter" kucken.

Hei e puer Fotoen dovun.

1. an 2. Schouljoer am Naturmusée

Fir d'Foto méi grouss ze gesinn, einfach drop klicken

Op d'Homepage vum Naturmusée
An der Ausstellung 01
An der Ausstellung 02
Am Musée 01
Am Musée 02
Duerno an der Schoul

 

Déi nächst Klassen ginn an d'Ausstellung "Bieren an Teddybieren".

zréck no uewen


Am Mäerz war de Musée-Bus zu Wolz bei der Primärschoul an d'Schoulklassen haaten d'Méiglechkeet zesumme mat Fachleit duerch de Musée an en Tour an de Bësch ze maachen.

Hei sinn d'Fotoen vun der Klass vum Claude Windeshausen.

Op d'Homepage vum Musée-Bus

Am Musée-Bus an am Bësch

Fir d'Foto méi grouss ze gesinn, einfach drop klicken

zréck no uewen


Den 23. Februar hat d'Elterevereenegung d'Theaterstéck "Die Kartoffelsuppe", gespillt vun der d'Theateréquipe AGORA, fir den Ënnergrad organiséiert. Hei e puer Biller geknipst vum Emile Lutgen.

Detailer
Fir d'Foto méi grouss ze gesinn, einfach drop klicken.
Kartoffelsuppe_01
Kartoffelsuppe_02
Kartoffelsuppe_04
Kartoffelsuppe_05
Kartoffelsuppe_03
Kartoffelsuppe_08
Kartoffelsuppe_07

 

D´Maus Kätti

Fir den Ennergrad proposéiere mer dëst Joer d´Maus Kätti, e Stéck gespillt vum Déngenstheater Stoffels ...

 

Deemols, wéi d´Sonn nach vun de Mauleffen eropgezu gouf, huet net wäit vu Biermereng ewech eng Feldmaus geliewt

d´Maus Kätti

Dem Kätti goung et saugutt – a sénger Hiel war et schuckeleg waarm an z´iessen hat et sat. Vu Beruff war hatt Schlesserin ; am Dag huet et u senge neieste Maschinne geknëchelt an owes huet et mam Metti Blumme gezielt. Alles war an der Rei ..... . An enges Dags koumm d´Kusin Mim aus Clausen ... .

 

Mat Musik, faarwege Biller a vill Loscht um spillen huet den Déngenstheater Stoffles dem Auguste Liesch séng Maus Kättp fir d´Bühn adaptéiert an an d´Zäit vun haut gesat. Den Text ass, bis e puer klinzegkleng Verännerungen, original den Auguste Liesch séng Sprooch an duerfir besonnesch intressant fir Schoulklassen déi des Geschicht um Programm stoën hunn.

 

D´Luxemburger Wort schreiwt den 30. Mee :

... leuchtende Augen und hingerissenen Zwischenrufe erntete zum Beispiel auch die "Maus Kätti" des "Déngenstheater Stoffels". Fliegende Leuchtkuchen, Kättis funktionstüchtige "Wundermaschine" auf einer realistisch,aber phantasievoll gestalteten Tischbühne lösten wahre Begeisterungsstürme beim kleinen und grossen Publikum aus ...

 

Hei zwou Fotoë vun der Virstellung den 08. Februar am Festsall ...

(Fir méi grouss ze gesinn, einfach drop klicken)

 

D´Maus Kätti vum Déngenstheater Stoffels (Josette Feinen & Myriam Vinandy)
d´Bühn
de Publikum

 

zréck no uewen