D´LÜSTERPRINZESSIN AN DE RITTER SCHUDDREG

E Poppespill vum Sonnentheater fir d´Spillschoulsklassen

 

 

No dem Kleeschen d´lescht Joer, sponsort d´Elterevereenegung der Spillschoul dës Kéier eng Theatervirféierung déi d´Klasse sech eraus gesicht hunn. Niewent dem Theaterstéck huet d´Léierpersonal och Unterrichtsmaterial kritt wat et erlaabt d´Stéck mat de Kanner ze beschwätzen an nach eng Kéier duerch ze huelen.

 

D´Geschicht

 

Op der Prinzessin hierem Hochzäitsdag setzt e frechen Draach d´Schlass a Flamen. Alles verbrennt bis op e Fotoalbum an e Lüster. Zu allem Iwwerfloss kidnappt den Draach och nach de Prënz. D´Prinzessin bleiwt eleng zréck am ënneschten Hiem, schwaarz vum Damp a rose wéi eng Spann ! Sie hätt hire Prënz gären zréck a wëll sech op d´Sich nom Draach maachen. Am Ennerhiem ?? De Lüster ! Genau ... Sie deet de Lüster un a mecht sech couragéiert op de Wee. Dass hir Verkleedung fir munnech Opreegung suergt an dass hire Mutt oft op d´Prouf gestallt gëtt, dat alles wees Sie net wéi Sie lass geet. Mee déi daper Prinzessin hëllt et mat béise Räiberen, mat Risen, Monsteren a Spannen op a begéint enger gudder Fee ...

 

Mat dësem Stéck war de Sonnentheater mat vill Erfolleg um ASIA-EUROPE PUPPET FESTIVAL zu Bangkok am Juli 2002.