Kannertheater an der Primärschoul

 

Fir de Mëttel – an den Uewergrad proposéiere mir dëst Joer folgend Theaterstéck :

 

 

Eng Hunnegaunergeschicht

Dem Hunnepir säi ganzen Houffert ass de Pavarolli, een Hunn mat enger Stëmm fir ze schmëlzen.

Awer enges Daags séngt de Pavarolli net méi. En ass dout.

Einfach esou gestuerwen oder ëmbruecht ? Zwou komesch Gestalten, d´Twentyfour an d´Twentyfive sinn dem Hunnepit net ganz geheier.

Se behuelen sech wéi wann se kee gutt Gewëssen hätten. Den Hunnepir wees net direkt wat e soll dovun halen.

Dann awer léisst en sech op hiirt Gebraddels an.

Awer de Pavarolli kënnt erëm, oder vill méi dem Pavarolli säi Geescht ass nach ëmmer do.

An dee mécht deenen zwee Gauner d´Liewen net einfach.

 

Twentyfour : Monique Melsen

Twentyfive : Michèle Turpel

Pavarolli : Fos Schuster

Hunnepir : Clod Thommes

Musék : Fränk Möller

Kostüm : Christina Kneip, Sylvie Hamus

Dekor : Atelier Dekoter

Regie : Jemp Schuster

 


Biller vum 22. Abrëll 2002

(fir d´Bild méi grouss ze gesinn, einfach drop klicken)

Bühnebild
Publikum
d´Bühnebild
d´Publikum

zréck op d'Haaptsäit