MONA LISA

an der Primärschoul

 

Am Kader vun de schoulegen Aktivitéiten vun der Elterevereenegung, organiséiere mir den 30. März an Zesummenaarbecht mam Léierpersonal vun der Primärschoul, en Theaterspill fir d'Schüler aus dem Mëttel- an Obergrad.

 

 

 

 

 

 

 

MONA LISA oder Wat heescht hei "Schéin"

De Pinselhari huet en Atelier wou e schon all déi dichteg Käpp vun der Welt ofgemoolt huet. E kann eppes, awer e brauch ëmmer laang Zäit. Well e gutt Bild dauert méi laang wéi eng Foto.

D'Marri Tabioka kënnt och bei den Hari fir sech molen ze loossen. Awer d'Marri ass ongedëlleg. Hatt ka keng Minutt roueg sëtzen. An et knoutert an engem Stéck. De Pinselhari mécht him näischt gutt genuch. Esou ginn déi zwee natierlech net eens. Wann den Hari midd ass, da mecht en eng laang Paus an da lauschtert en am léifsten der Sängerin Susi Singsang no. D'Susi ass eng Marionett, déi den Hari an enger Këscht agespaart huet. Awer d'Susi huet e grousst Geheimnis.

Dann daucht op emol eng Fra am Pinselhari sengem Atelier op. Se nennt sech Mona Lisa an déi geheit dem Hari seng ganz Pläng op d'Kopp. Wou kënnt déi Fra hier, a wat wëll se genee ?

Ausser enger flotter Geschicht versicht de Jemp Schuster säi Stéck och eng Äntwert op d'Fro ze ginn, wat eigentlech ass "schéin".

Et spillen a sangen :

Marri Tabioka : Monique Melsen

Susi Singsang : Paddy Freres

Mona Lisa : Michèle Turpel

Pinselhari : Clod Thommes

Text a Regie : Jemp Schuster

Musek : Frank Moeller

Kostüm : Christina Kneip

Dekor : Atelier Dekoter

 

zréck op d'Haaptsäit