Un all Bicherwuerm aus dem 6. Schouljoer, komm op déi éischt

LEESNOACHT
 

 

 

 


Freides/Samsdes 08./09. März 2002

an der Primärschoul zu Wooltz.

 

 

Rendez-vous ass um 19.00 Auer an der Schoul.

 

Vun 19.30 – 20.30 Auer ass eng Liesung mam Josette Feinen

aus dem Buch "Der kleine Hobbit" vum J.R.R. Tolkien.

 

Duerno däerft Dir eleng oder zu puer zesummen esou laaaaaaang liesen wéi Dir Loscht hutt oder bis Iech d’Aendeckelen zoufalen.

 

Eng grouss Auswiel u flotte Bicher (däitsch a franséisch) stelle mir zur Verfügung.

 

Moies um 8.00 Auer drénke mir zesumme Kaffi an um 9.00 Auer gi mir heem.

 


 

Hei nach e puer wichteg Informatiounen

 

Ø      Du solls matbréngen :

Schloofsack oder Decken, Këssen, Matt, Pyjama, Schlappen, Zännbiischt, Täscheluucht, eventuell däi Lieblingsbuch.

 

Ø      Wats Du op kee Fall däerfs matbréngen :

Handy, Gameboy, Discman, Séissegkeeten, Chipsen an ähnleches.

 

Mir kënnen aus organisatorësche Grënn nëmmen 30 Schüler unhuelen.

Ø      Et gëllt :

Den 1. ass vir a Leit déi eng Memberskaart vun der Elterevereenegung bezuelt hu gi vir.

Duerfir, wanns Du Freed um Liesen hues da mell Dech un (D´Ziedele ginn an der Schoul ausgedeelt).

 

Ø      D’Onkäschtebedeelegung ass 10,- € pro Schüler a gëtt owes bezuelt.

Ø      D´Confirmatioun dass Du dobäi bass, kriss Du an der Woch vum 25. Februar.

Fir all weider Informatiounen Tel. : 95 90 20 (Marc Lorang)

Mir soen der Librairie de Wiltz merci fir d´Ënnerstëtzung bei der Organisatioun.

 


Esou war et, hei e puer Fotoë vun der Leesnoacht ...

(Fir d´Bild méi grouss ze gesinn, einfach drop klicken)

Gruppefoto
No. 01
No. 02
No. 03
No. 04
No. 05
No. 06
No. 07
No. 08

Dës Fotoë kënnen och (a besserer Qualitéit) bei der Elterevereenegung fir 1,50 /Stéck am Format 13x10cm bestallt ginn. Einfach uruffen um 95 90 20 an d´Nummer vun der Foto uginn.


zréck op d'Haaptsäit