Labeliwwerreechung vun der Superdreckskëscht

Den 2. Juli 2004 huet den Arny Jacobs, Vertrieder vun der Superdreckskëscht, am Festsall vun der Primärschoul dem Simone Urbé, stellvertriedend fir d´Pirmärschoul an dem Renée Glod-Fretz, stellvertriedend fir de Précoce an d´Spillschoul de Label vun der Superdreckskëscht iwwerreecht. Et ass eng Unerkennung fir d´Aarbecht vun engem Joer ëmweltgerechter Offalltrennung an Entsuergung. Wooltz huet domat déi éischt Schoulklassen am Land déi sech dëse Label verdéngt hunn.

Félicitatiounen !

zréck op d'Haaptsäit