Kanner aus der ganzer Welt

D´Stagiairen Jean-Marie GLODE a Sandra THOMA hunn an hirem Stage de Projet "Kanner aus der ganzer Welt" behandelt. D´Kanner hunn dobäi déi eenzel Kontinenter bereest a vun iwwerall eppes mat bruecht.

De Start vun dëser Rees durch d´Welt war bei ons an Europa. Bei dëser éischter Etape hunn d´Kanner sich selwer groussflächig op Tapéit gemoolt an e Bild mat hiren eegene Fotoë/Wënsch gemoolt.

Duerno gung et weider an Afrika. Sie hunn sich selwer Stempele gebastelt an domat op Dicher Ofdréck gemat.

An Asien hunn d´Kanner chinesisch Schrëftzeechen op Pabeier mole geléiert.

Bei hirem Stopp an Australien hu sie Konscht vun den Aborigines kennegeléiert. Sie hunn eng Bierglandschaft ganz an erdfaarwegen Téin gemoolt, woubäi sie mat hëlzenen Bengelen wäiss Punkten op d´Blat getuppt hunn.

Zum Schluss gung d´Rees an Amerika, wou sie mat Wuesfaarwen a Gouache Héichhaiser gezeechent hunn.

All dës Aarbichten goufen zum Schluss zu enger Ausstellung zesumme gesat.

Un dëser Aarbicht hu folgend Kanner aus dem 2. Schouljoer vum Isabelle SENTGES mat geschafft :

Filipe, Micael, Ricardo, Melissa, Marissa, Elisa, Joe, Nuno Ricardo, Kenny, Diana, Jessica, Caroline, Yannick, Mateus, Benoît, Jasmin.

Biller vum Projet fand Dir hei ...