Chrëschtfeier 2000 an der Primärschoul
Et ass erëm esouwäit !
Wéi all Joer hëlleft d'Elterevereenegung och dës Kéier bei der Chrëschtfeier vun der Primärschoul, déi dëst Joer
Mëttwochs den 20. Dezember
um 14,00 Auer
an der Primärschoul ass
Dir sidd also alleguer häerzlech invitéiert beim Krëppespill oder bei e puer lëschtegen Sketcher nozekucken, dem flotte Gesang nozelauschteren oder awer och e Stéck Kuch an eng Tas Kaffi ze schmaachen an bei der Tombola mat ze maachen, an ze gewannen !
Den Erléis vun der Feier get als Don un d'SOS Interfonds iwwerreecht.
Mir freeën eis op äre Besuch !
D'Elterevereenegung