Hausaufgabenhëllef
Informatiounen / Sech umellen
D'Hausaufgabenhëllef get an der Primärschoul ofgehal vum Service Éducatif an Zesummenaarbecht mat der Elterevereenegung.
D'Hëllef ass fir Schüler vum 1. bis 4. Schouljoer a begräift all Schoulfächer.
Den Onkäschtebeitrag ass 1500,- Frang d'Joer.
Et ginn nëmme Kanner ugeholl, déi d'Hausaufgaben net doheem kënne maachen, wëll d'Elteren d'Sprooch net verstinn, zu 2 schaffe ginn oder aner Ursaachen do sinn, déi bei der Aschreiwung genannt musse ginn.
Hei den Horaire vun der Hausaufgabenhëllef :
Méindes |
16,00 - 17,00 Auer
|
Dënschdes |
13,00 - 14,00 Auer oder 14,00 -15,00 Auer |
Mëttwochs |
16,00 - 17,00 Auer
|
Donneschdes |
13,00 - 14,00 Auer oder 14,00 - 15,00 Auer |
Freides |
16,00 - 17,00 Auer
|
Bemierkung : An der Vakanzenzäit ass keng Hausaufgabenhëllef !
Statistescht Material iwwer d´Hausaufgabenhëllef fand Dir hei.
Aschreiwen oder Mathëllefen ...
Fir Elteren déi hiert Kand bei der Hausaufgabenhëllef aschreiwe wëllen, kënne sech an der Primärschoul mellen beim :
Service Educatif
11, avenue Nic. Kreins
L- 9536 Wiltz
Tél.: 95 06 16
De Formulaire fir sech anzeschreiwen fand Dir hei ...
Leit déi bei der Hausaufgabenhëllef wëlle matschaffen, kënne sech hei, per Formulaire, aschreiwen :
Online - Formulaire
Nodeems mir de Formulaire kritt hunn, melle mir eis bei Iech.
Merci am viraus !