Invitatioun

 

 

D´Elterevereenegung Wooltz invitéiert Iech

de 15. November 2001 um 20.15 Auer

am Festsall vun der Primärschoul

op e Virdrag mam Thema

 

 

 

 

Rechtschreibung erfolgreich verbessern

 

 

Et ass d´Presentatioun vun enger pedagogescher Method wéi se zu Diddeleng vum "Lehrinstitut für Orthographie und Schreibtechnik" (LOS), mat vill Erfolleg, mat Kanner a Jugendleche mat Lies- a Rechtschreifschwieregkeete gemat gëtt.

 

“Die LOS-Methode hilft Kindern und Jugendlichen unabhängig vom Alter, der Schulform, der Klassenstufe und dem Leistungsstand. Die Hilfe wird allen zuteil, die aufgrund ihrer Lese-/Rechtschreibschwäche nicht den schulischen und beruflichen Abschluss erreichen können, der ihrer Intelligenz und Begabung entspricht.”

 

 

Et schwätzen :

   - den Här Marc Zanussi, vun der S.O.S.-L.R.S. a.s.b.l.

iwwer d´Aarbecht vun der A.s.b.l. an  hiren Erfahrungen mat dëser Art vun Nohëllef.

 

- d’Madame Marlene Lichtmess, Diplom-Speziallehrerin vum L.O.S. Tréier an Diddeleng

iwwer d´Method selwer.

 

De Virdrag riicht sech u Léierpersonal, aus dem Primär a Postprimär, u Pedagogen, awer virun allem och un d’Elteren déi hire Kanner wëllen hëllefen hir méi oder manner grouss Lies- a Rechtschreifschwieregkeeten z´iwwerwannen.

 

Elteren déi hirt Kand bei S.O.S - L.R.S. gratis wëllen teste loossen, kréien d´Geleeënheet

Samschdes de 17. November an den 08. Dezember tëschent 10,00 an 13,00 Auer zu Diddeleng am Centre Médico-social. Dir kënnt Iech umellen zu Tréier bei L.O.S. ënner der Telefonsnummer 0049 651 75975 oder 0049 172 6811052.

 


 

Intresséiert um Thema ?

Hei nach 2 Linken ...

www.alphabetisierung.de

www.lesen-schreiben-berlin-ev.de