Floumaart fir d´Schüler aus der Primärschoul

"Handel und Wandel" an der Michelshall,

Samsdes den 03. Abrëll vu 14h00 - 17h00

 

 

D´Elterevereenegung organiséiert e Floumaart fir all d´Schüler aus der Primärschoul.

 

Kaaft wat Iech gefällt oder verkaaft wat nach gutt an der Rei ass awer net méi gebraucht gëtt wéi z.B. e

 

Kannervelo, Inline-Skates, CDën, Spiller, Bicher, ... a.s.w.

 

Mellt Iech bei der Elterevereenegung wann Dir Iech en Dësch wëllt reservéieren ! Ziedele fir d´Umellung kritt Dir an der Schoul.

 

D´Elteren invitéiere mer op eng Tass Kaffi an e Stéck Kuch oder eng Waafel mat Schlagsahn.




Hei e puer Biller vum Dag...

zréck op d'Haaptsäit