50. Anniversaire vun der Primärschoul

 

Den 13. Oktober 2001, gëtt ënner dem Patronat vun eiser Gemeng de 50. Anniversaire vun eiser Primärschoul gefeiert.

Fir dëse Gebuertsdag, gëtt eng Séance Académique organiséiert an eng Ausstellung mat Fotoen a Schoulmaterial aus der Zäit gëtt gewisen. Dobäi kënnt e Conveniat vum Léierpersonal wat zu Wolz an de fréiere Primärschoule geschafft huet.

 

Eng Broschür, an däer ënner anerem fir all Schoulklass 2 Säite reservéiert sinn, gëtt bei dëser Geleeënheet publizéiert.

 

Well esou eng Broschür awer e gréissere Käschtepunkt duerstellt ka jiddereen eng oder méi Säiten vun der Broschür sponsoren andeems en 2500,- Frang pro Säit mam Vermierk "50 Joer Primärschoul Wooltz" op de Kont BCEE 1255/3209-2 oder CCRA 5267/448 iwwerweist. Den Donnateur huet dann d´Recht an der Broschür mam Saz " Cette page est offerte par ... " ernimmt ze ginn.

 

zréck op d'Haaptsäit